Eng kleng Stad déi en Iesel als Emblem huet. Eng Girouette mat engem Iesel. E Kand dat Iesele gären huet. Et ass den Ufank vun engem Märchen, an dem Fantasie a Realitéit eent ginn. An deem d'Wënsch vun engem Kand an Erfëllung ginn. An der klenger Stad Dikrech ass vill Opreegung ugesot ! D'Girouette vun der fréierer Kierch ass verschwonnen ! Dank dësem Rätsel, wäert e klenge Jong glécklëch gemach ginn.